Fir déi voll Funktionalitéit ze bidden, erfuerdert dës Websäit Är explizit Zoustëmmung fir Browser Cookien ze späicheren. Wann Dir Cookien net erlaabt, kënnt Dir verschidde Funktiounen vun der Websäit net benotzen, abegraff déi folgend: personaliséierten Inhalt, Kulturännerung. Et ass recommandéiert all Cookien z'erlaben

Servicer fir d’Familljen


Dem Familljebetrib Pompes Funèbres Bous-Goergen seng Missioun ass virun allem d’Familljen am Trauer ze begleeden.


Den enke Krees vum Verstuerwene gëtt vun eis empfaangen, nogelauschtert an esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt, fir dës schwéier Zäit z’iwwerstoen.

Jiddereen huet seng eege Geschicht an et ass wichteg, datt een d’Persoun am Trauer sech iwwert d’Bezéiung, déi si mam Verstuerwenen hat, hir Erwaardungen oder hir Regreten ausdrécke léisst.

Am Prozess fir d’Familljen ze begleede gi mir an d’Intimitéit vum Familljekrees eran. Esou kënne mir déi emotional Verbindung tëscht deene verschidde Familljememberen an der verstuerwener Persoun verstoen, mä och dem Verstuerwene säi Liewenswee, säi Charakter, seng Interessien, seng Passiounen, seng Iwwerzeegungen, asw.

Mir huelen d’Zäit, fir d’Geschicht vum Verstuerwenen a senger Famill z’entdecken. Doduerch kënne mir ugepasst Déngschtleeschtunge proposéieren, déi den Erwaardunge vu jidderengem entspriechen, a mir kënnen och eng Trauerfeier nom Bild vum Verstuerwenen organiséieren, an eng onvergiessbar an eenzegaarteg Bestattung plangen.

Eis Beroder fir Begriefnesser stellen hir Erfarung zum Déngscht vun de Familljen, fir si fir all d’Detailer vun der Organisatioun z’ënnerstëtzen an z’erléisen.

Mir këmmeren eis ëm d’administrativ Demarchen, d’Organisatioun vun der Trauerfeier an duerno begleede mir d’Famillje weider, zemools fir d’Verwaltung vun den administrative Formalitéiten.

Wëllt Dir eis eng Fro iwwert e spezifeschen Thema stellen?

Wëllt Dir méi Informatiounen iwwert eis Léisunge fir eng Begriefnesversécherung?

Maacht eis Är Demande iwwert de Kontaktformulaire