Fir déi voll Funktionalitéit ze bidden, erfuerdert dës Websäit Är explizit Zoustëmmung fir Browser Cookien ze späicheren. Wann Dir Cookien net erlaabt, kënnt Dir verschidde Funktiounen vun der Websäit net benotzen, abegraff déi folgend: personaliséierten Inhalt, Kulturännerung. Et ass recommandéiert all Cookien z'erlaben

D’Trauerfeier organiséieren


Eis Vocatioun: Iech bei all Schrëtt vun de Virbereedunge vun der Trauerfeier ze begleeden


Wann een am Trauer ass, ass dat eng Prüfung wou et schwéier ass, déi néideg Decisiounen an enger Mindestzäit ze huelen. No engem Stierffall solle vill d’Demarchen duerchgefouert ginn, an d’Famill souwéi den enke Krees mussen sech iwwert organisatoresch Elementer entscheeden a géife léiwer Zäit hunn, fir sech beim Verstuerwenen ze sammelen an hir lescht Momenter zesummen ze deelen. 

Eis Ekipp begleet d’Famillje bei der Organisatioun vun der Trauerfeier fir si z’erléisen an z’ënnerstëtzen.

Mir proposéieren hinnen Solutiounen op Mooss, mat enger vollstänneger Betreiung a mat der Garantie vun héichwäertegen Déngschtleeschtungen.

D’Organisatioun vun der Bestattung, Schrëtt fir Schrëtt:

Administrativ Demarchen

Mir kënnen eis ëm déi éischt Formalitéite këmmeren, wéi d’Deklaratioun vum Doudesfall um Büro vum Etat civil vun der Gemeng, d’Obtentioun vum Zertifikat fir den Transport vum Verstuerwenen an d’Autorisatioun fir d’Bäisetzung oder d’Anäscherung, souwéi och nach d’Publikatioun vun den Doudesannoncen.

Fleeg a Rouplaz

Eis qualifizéiert Personal këmmert sech ëm d’Kierperfleeg vum Verstuerwenen, ier en op seng lescht Rouplaz gebruecht gëtt.

Zousätzlech zu de Kierperfleeg gëtt d’verstuerwe Persoun agekleet, fir eng anstänneg Presentatioun ze hunn. Duerno maache mir d’Asargung, dat heescht de Kierper vum Verstuerwene gëtt an d’Sarg geluecht, dann gëtt en an d’Morgue oder op d’Plaz vun der Zeremonie gefouert.

Trauerfeier

D’Abschiedsfeier kann eng reliéis oder zivil Zeremonie sinn.

Eis Beroder fir Begriefnesser stellen hir Erfarung zur Verfügung a benotzen heiansdo hire Reseau vu Beruffsleit, fir ze garantéieren datt all d’Detailer vun der Zeremonie dem Verstuerwene senge leschte Wënsch sou genee wéi méiglech entspriechen: Bestellung vum Sarg oder vun der Urn, Blummendekoratiounen, Auswiel vun den Texter a vun der Musek, Temoignagen, asw. 

Bäisetzung

D’Bäisetzung, anescht gesot, d’Begriefnes muss spéitstens 72 Stonnen nom Stierffall realiséiert ginn. Trotzdem kann een eng Fristverlängerung vun 24 Stonne bei der Gemengeverwaltung ufroen.

Mir kënnen Iech fir de Choix vum Grafstee a vun der Beschrëftung beroden a mir kënnen Iech och fir den Demontage an d’Ersetze vum Grafmonument hëllefen.

Anäscherung

No enger Anäscherung kënnen d’Äschen begruewe ginn oder op verschidde Manéier verstreet ginn, jee nom Wëlle vum Verstuerwenen oder jee no der Symbolik déi säin noe Krees sech wënscht. 

D’Äschen, déi an enger Urn konservéiert ginn, kënnen an d’Familljegraf, an d’Nisch vun engem Columbarium oder an en Urngraf bäigesat ginn. D’Äsche kënnen awer och bei e Bam an engem Bëschkierfecht bäigesat ginn, awer ouni Urn.

D’Äsche kënnen och op verschidde Plaze verstreet ginn: am « Jardin du Souvenir » am Krematorium zu Hamm, an engem anere Kierfecht, an engem Bëschkierfecht, op engem privaten Terrain oder am Mier (am Mëttelmier, am Nordmier, am Ostatlatlantik). Fir eng Rei vun Demarchen ass den Accord vum Buergermeeschter vun der Gemeng virdrun néideg.

A schliisslech ass et méiglech all d’Äschen oder en Deel dovun an en Diamant ze verwandelen.

Raptriéierung

Soll de Stierffall zu Lëtzebuerg oder am Ausland geschitt sinn, këmmere mir eis ëm d’Raptriéierung vum Kierper op seng lescht Rouplaz.

Mir hunn e Fuerpark vun Doudeween, souwéi e Reseau vun Transporteuren, falls aner Transportmëttelen, wéi e Fliger oder e Schëff, néideg wieren fir d’Rapatriéierung vum Verstuerwenen.